Muss ech genee dat Schnëttmuster huelen?

Nee, wann Iech en anert Schnëttmuster besser läit, kënnt Dir och en Anert huelen. Dir musst och net onbedéngt Lastiker huelen, et kënnen gären och Bännercher sinn. Et muss och net onbedingt en Drot oder en Filter an d’Mask agebitzt ginn.

Wat geschitt mat deenen Masken?

No Ofsprooch mam Ministère de la Famille a mam Ministère de l’éducation nationale et de la jeunesse, hu mer eng Lescht mat Associatioune opgestallt déi dës Masken wäerte kréien. Dëst ass eng laang Lescht, a mir kennen der puer eraushiewen: Fondation Croix-Rouge,...