Copyright Photo: Cour grand-ducale / Sophie Margue

 

“Community Involvement” – gehéiert als 8ten Bausteen vun der Scoutsméthode zu de Kär-Valeuren vum Scoutismus. Zanter iwwer 100 Joer mëttlerweil sinn et ëmmer erëm d’Scouten gewiescht déi sech benevole do engagéiert hunn wou d’Hëllef am néidegsten war – och zu Lëtzebuerg.

Mat „All Dag eng BA”, engem zentralen Punkt vum Scoutsgesetz; war och séier d’Motto fonnt ënnert deem eis Engagement an der COVID-19 Kris lafe sollt.

Ugangs der COVID-19 Kris ass den 15ten Mäerz fir d’éischte Kéier de Lockdown ausgeruff ginn. Et war also wéineg iwwerraschend, datt den Dag drop d’FNEL an d’LGS sech spontan bereet erkläert hunn fir deene vulnerabelsten Matmënschen an eiser Gesellschaft ënnert d’Äerm ze gräifen.

Bis déif an de Juni eran sinn dagdeeglech jonk (a manner jonk) Scouten am Déngscht vun der Gesellschaft ënnerwee gewiescht sief et fir akafen ze goen, de Mupp erauszebréngen oder d’Commande aus der Apdikt sichen ze goen.  Esou sinn am Ganzen wärend deene bal 4 Méint iwwert 900 Scouten benevole fir 6.300 Opträg ënnerwee gewiescht! Ganz dovun ofgesinn datt en als Scout an deem Fall fir verschidde Leit deen Eenzege war fir e puer Wuert lass ze ginn oder einfach emol no ze lauschteren wéi et deem Anere geet.

Domat war awer nach net Schluss, nieft dagdeeglechen Aktivitéiten déi eis Scouten doheem konnten nomaachen (#HomeScouting), hu mer dono och nach d’Koordinatioun vun der éischter grouss ugeluechter Distributioun vu selwergebitzten Masken iwwerholl (#Bitzdoheem). Och do koumen um Enn iwwert 40.000 Masken zesummen déi un karitativ sozial Ariichtungen zu Lëtzebuerg verdeelt gi sinn.

Fir dëst Engagement mam Europäesche Biergerpräis 2020 ausgezeechent ze ginn, freet eis natierlech ganz besonnesch a mir sinn dankbar fir déi Unerkennung – et war awer net mam Ausbléck op eng Auszeechnung woufir mer eis engagéiert hunn. E grousse Merci fir dëse besonneschen Präis geet dohier un d’Europaparlament. Och wann et fir eis quasi eng Selbstverständlechkeet war am Moment vun der Kris fir déi Schwächsten an eiser Gesellschaft do ze sinn, ass et wonnerschéine Merite.

Eise Merci gëllt awer virun allem all eise jonke Scouten a Guiden zu Lëtzebuerg, déi sech, ouni et groussaarteg a Fro ze stellen dëser Erausfuerderung gestallt hunn an se mat Bravour duerchgezunn hunn, an dat wéi ëmmer: benevole.

M-E-R-C-I – dir hutt iech et méi wéi verdéngt!

 

 Communique de Presse Biergerpräis