Léif Frënn vu Scouting in Luxembourg,

D‘Guiden an d’Scouten hunn eng laang Geschicht  fir Fridden, Dialog, Mënscherechter a Kannerrechter ze fërdedegen.

Dëst besonnesch a Beräicher wou Konflikter entstinn. Säit 3 Wochen ass e Krich an der Ukrain amgaang , deen mir als Guiden a Scouten nët akzeptéieren a wou mir, duerch eist Engagement, eis Hellef deenen Leit ubidden ,déi aus deem Land flüchten mussen.

Mir hu scho méi wéi eemol gewisen, dass eis Hëllef en Ënnerscheed an der Gesellschaft mëscht. Och elo sinn mer als Bénévoler gefrot, fir d’Leit ze ënnerstëtzen well #EScoutLéisstKeenAmStach

Wou kann ech eng Hand upaken? 

Wou kann ech mäin Deel dozou bäidroen dës Situatioun ë bësse besser ze maachen? 

Zesumme mat der Croix-Rouge a Caritas coordinéiert Scouting in Luxembourg Guiden a Scouten, déi prett sinn eng Hand mat unzepaken:

  1. fir Wunnengen ze aménagéieren (Miwwele siche goen an a Privathäiser/ Wunnengen opzebauen)
  2. fir Aktivitéiten a verschiddenen Opfänkstrukturen/ Foyeren z’organiséieren fir de Kanner bëssi Ooflenkung ze bidden. Dir kritt heizou eng entsprechend Formatioun

Du wëlls dech engagéieren, dann fëll de Formulaire hei drënner aus.