Léif Guiden, léif Scouten,

Mir sinn houfreg drop iech kënne matzedeelen, datt den Ierfgroussherzog, de Prënz Guillaume, sech bereet erkläert huet d’Nofolleg als Chefscout vu sengem Grousspapp, dem Groussherzog Jean, unzetrieden.

Dowéinst biede mir iech all iech Freides, de 4. Oktober 2019 Nomëttes fräizehalen, well eisen zukünftege Chefscout deen Dag an engem feierleche Moment säi Verspriechen ofleet.

De Freide Mëtte gouf gewielt well zu deem Zäitpunkt d’Fondation Mondiale du Scoutisme” sech hei zu Lëtzebuerg trëfft, an där eise Ierfgroussherzog, de Prënz Guillaume, Member ass.

Genau Informatioune wéi Auerzäit a Plaz, souwéi all aner praktesch Detailer kritt dir matgedeelt, soubal dës definéiert sinn.

Mir wiere frou wann dir iech all elo scho kënnt do fräi halen, fir bei dësem eemolegen Event present ze sinn.

Och si mir mam Educatiounsministère am Gespréich, fir eng eventuell Fräistellung vun de Schoulcourse Freides Mëttes erlaabt ze kréien.

Am Numm vu Scouting in Luxembourg

Anouk Galassi an Yves Marchi, LGS

Raoul Wirion, Tom Girardin, Georges Krombach, FNEL

Foto: © World Scout Foundation / Victor Ortega

 

Excuse MENJE Lycée

Excuse MENJE Primaire